Assemblée Générale 21/06/2024

24th June 2024

club logo

DT Frënn Bartreng

image

Den Freideg, den 21. Juni 2024 haten DëschTennis Frënn Bartreng hier Assemblée Générale 2024 am Foyer vum Centre Atert. 

Den President Thomas FEHR konnt vill Spiller*innen, Elteren an Leit aus dem Gemengeroot begréissen. 

Am Aktivitéitsbericht huet den Sekretär Claude RAUCHS virun allem den Championstitel bei den Minimes, den Vize-Championstitel bei den Cadets an steigen an dono Dranbleiwen vun der 1ter Seniors-Equipe an der Nationale2 erviergehuewen.

Den Laurent ASSELBORN huet den Bilan vun den Finanzen virgedroen an kruut anschliessend een Cadeau fir seng laangjähreg Arbecht als Kessier, déi elo vum Patrick ENDERS iwerholl get.

No engem Cadeau un eis Minimes, un Cadets an un Seniors1 kruut den Trainer, den Zlatko RAJCIC, selbstverständlech och ee Cadeau fir seng super Trainingsarbecht, seng Encadrementer op den Landesmeeschterschaften an Kriteriumen, asw.

No den leiwen Wieder vum Marc LANG, Vertrieder vun der Gemeng, sin mir all zesummen an den Restaurant Emozioni op eis traditionell Agape gaangen!

Merci nach eemol un Gemeng mat den Portieren, Elteren, Spiller*innen, Comités-Leit, ...