Foyer National Championships 2026 - Youth (part 1)
9th June 2026
DT Frënn Bartreng

Poussins an Benjamins hun den Sonndeg, den 7. Juni 2026 zu Diddeleng Champions-Titelen am Eenzel an am Doubel ausgespillt.
Top Resultater vun eisen jengsten Spiller!
Landesmeeschterin resp Championne de Luxembourg bei den Benjamins Girls as Cecilia gin! No dem Landesmeeschtertiel bei den D-Spillerinnen (Dames) huet Cecilia een weideren Titel des Saison gewonn!
Den Titel knapp verpasst, an domadder, Vice-Champion de Luxembourg bei den Poussins Boys, gouf den Hugo. Op di 3ten Plaz koum zudem den Nikolai!
Den Doubel Poussins/Benjamins Rodrigo an Hugo sin bis an 1/2-Final komm, gewannen domadder Bronze an verléieren leider géint den spéideren Landesmeeschter-Doubel.
An den Tableau vu den Benjamins Boys hun et den Lev, Enrique an Rodrigo gepackt. Den Rodrigo koum bis an 1/4-Final an huet dun géint den spéideren Champion verluer.
Bravo un eis Jugend!
Bravo un eisen Trainer, den Zlatko, deen den ganzen Daag all eis Jugend zu Diddeleng gecoacht huet!
Bravo un DT Frënn Bartreng!
den Sonndeg, den 14. Juni 2026 stin Foyer National Championships 2026 - Youth (part 2) fir Minimes, Cadets an Jeunes zu Hesper um Programm. Bonne Chance un eis Jugend!



